Mir siche Verstäerkung fir eis Equipe’n zu Duelem, Conter, Léiweng an am Norden(Roost/Wiltz).
Aides socio-familiales (M/W) 20, 30 oder 38 Stonnen/Woch (CCT SAS)
Äer Missiounen :
- All d’Hëllef an d’Fleeg, déi am Fleegeplang definéiert goufen, iwwerhuelen, fir dem Client ze hëllefen, säin Alldag sou gutt wéi et geet ze meeschteren, an dëst am Respekt virun sengen Gewunnechten a senger Privatsphär
- Dat physescht an dat psychescht Wuelbefanne vum Client fërderen
- Déi beschtméiglechst Liewensqualitéit fir den Client garantéieren
- Bedeelegung un der Entwécklung an un der kontinuéierlecher Amelioratioun vum Service
- An enger interdisziplinärer Equipe schaffen, déi d’Wäerter vu COVIVA vertrëtt
- Flott Aarbechts-Konditiounen nom aktuellen Kollektivvertrag SAS
Äert Profil:
- Titulaire vun engem Diplôme d’Aide socio-familiale
- Minimum e B1-B2 an der lëtzebuergescher Sproch muss sinn, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn vu Virdeel(an all aner Sproch ass e weideren Atout)
- Eng éischt professionell Erfarung an engem änlechen Posten ass vun Virdeel
- Dir hutt en staarken Teamgeescht an gudd tëschemënschlech Fäegkeeten
- Dir sidd dynamesch, autonom a flexibel
- Dir hutt e Führerschäin Klass B
Sidd Dir motivéiert an enger dynamescher Equipe am Soins à domicile ze schaffen ?
Dann schéckt eis Är Kandidature, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation :
- Iwwer eisen Internetsite : coviva.lu
- Per e-mail un: rh@coviva.lu
- Per Post un:
COVIVA
Département des Ressources Humaines
14, rue de l’Ecole
L-8352 Dahlem
Déi ganz Equipe vu COVIVA freet sech Iech kënnen kennenzeléieren!
Coviva – gutt bei sech doheem, vill méi laang.
Eng Virauswiel gëtt op Base vun den Dossieren déi erakommen gemaach. Onvollstänneg Kandidature ginn net berécksiichtegt.
Am Fall vun enger Astellung gitt Der en aktuellen Casier judiciaire gefrot.
All Kandidature ginn vertraulech behandelt.
Infos clés
Publié
il y a 4 mois
Entreprise
OPIS AIDES & SOINS sàrl - COVIVA
Lieu du poste
Dahlem, Contern, Livange, Roost et Wiltz
Type de contrat
CDD, CDI, Stage, Temps partiel, Temps plein