Aide socio-familiale en formation (M/W) (20, 30 oder 38 Stonnen/Woch) Dahlem, Contern, Livange, Roost et Wiltz

Mir siche Verstäerkung fir eis Equipe’n zu Duelem, Conter, Léiweng an am Norden (Roost/Wiltz).

Aide socio-familiale en formation (M/W) 20, 30 oder 38 Stonnen/Woch (CCT SAS)

Äer Missiounen :

  • All d’Hëllef an d’Fleeg, déi am Fleegeplang definéiert goufen, iwwerhuelen, fir dem Client ze hëllefen, säin Alldag sou gutt wéi et geet ze meeschteren, an dëst am Respekt virun sengen Gewunnechten a senger Privatsphär
  • Dat physescht an dat psychescht Wuelbefanne vum Client fërderen
  • Déi beschtméiglechst Liewensqualitéit fir den Client garantéieren
  • Bedeelegung un der Entwécklung an un der kontinuéierlecher Amelioratioun vum Service
  • An enger interdisziplinärer Equipe schaffen, déi d’Wäerter vu COVIVA vertrëtt
  • Flott Aarbechts-Konditiounen nom aktuellen Kollektivvertrag SAS

Äert Profil:

  • Minimum e B1-B2 an der lëtzebuergescher Sproch muss sinn, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn vu Virdeel(an all aner Sproch ass e weideren Atout)
  • Eng éischt professionell Erfarung an engem änlechen Posten ass vun Virdeel
  • Dir hutt en staarken Teamgeescht an gudd tëschemënschlech Fäegkeeten
  • Dir sidd dynamesch, autonom a flexibel
  • Dir hutt e Führerschäin Klass B

Sidd Dir motivéiert an enger dynamescher Equipe am Soins à domicile ze schaffen ?

Dann schéckt eis Är Kandidatur, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation :

COVIVA

Département des Ressources Humaines

14, rue de l’Ecole

L-8352 Dahlem

 

Déi ganz Equipe vu COVIVA freet sech Iech kënnen kennenzeléieren!

Coviva – gutt bei sech doheem, vill méi laang.

 

Eng Virauswiel gëtt op Base vun den Dossieren déi erakommen gemaach. Onvollstänneg Kandidature ginn net berécksiichtegt.

Am Fall vun enger Astellung gitt Der en aktuellen Casier judiciaire gefrot.

All Kandidature ginn vertraulech behandelt.

 

Infos clés

Publié
il y a 4 mois

Entreprise
OPIS AIDES & SOINS sàrl - COVIVA

Lieu du poste
Dahlem, Contern, Livange, Roost et Wiltz

Type de contrat
CDD, CDI, Stage, Temps partiel, Temps plein

Postulez maintenant
Informations personnelles
Votre CV
Formats supportés : doc, docx, pdf, rtf, txt, (1MB max).
Ajoutez une lettre de motivation
Je reconnais avoir lu et j'accepte les termes et conditions contenus dans la politique de confidentialité de ce site*.