Mir sichen Verstäerkung fir eis Equipen zu Duelem, Schieren, Contern a Léiweng!
Aide-soignanten (W/M) 20, 30 oder 40 Stonnen/Woch (CCT SAS)
Äer Missiounen:
- D’Aktivitéiten an der Hëllef an Fleeg doheem beim Client assuréieren
- All d’Hëllef an d’Fleeg, déi am Fleegeplang dfinéiert goufen, iwwerhuelen, fir dem Client ze hëllefen, säin Alldag sou gutt wéi et geet ze meeschteren, an dëst am Respekt virun sengen Gewunnechten a senger Privatsphär
- Dat physescht an dat psychescht Wuelbefanne vum Client fërderen
- Déi beschtmeiglechst Liewensqualitéit fir den Client garantéieren
- Bedeelegung un der Entwécklung an un der kontinuéierlecher Amelioratioun vum Service
- Schafft an enger interdisziplinärer Equipe, déi d’Wäerter vu COVIVA vertrëtt
- Flott Aarbechts-Konditiounen nom aktuellen Kollektivvertrag SAS
Äert Profil:
- Titulaire vun engem Diplome d’Aide-soignant an enger Autorisation d’exercer zu Lëtzebuerg sinn
- Lëtzebuergesch schwätzen kënnen ass e Muss, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn vun groussem Virdeel (an all aaner Sprooch ass e wéideren Atout)
- Eng éischt professionnell Erfahrung an engem ähnlechen Posten ass vun Virdeel
- Dir hutt en staarken Teamgeescht an gudd zweschemënschlech Fähegkeeten
- Dir sitt dynamësch, autonom a flexible
- Dir hutt e Führerschein Klass B
Sidd Dir motivéiert an enger dynamescher Ekipp am Soins à domicile ze schaffen ?
Dann schéckt eis Är Kandidature, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation :
- Iwwer eisen Internetsite : coviva.lu
- Per e-mail un: rh@coviva.lu
- Per Post un:
COVIVA
Département des Ressources Humaines
14, rue de l’Ecole
L-8352 Dahlem
Déi ganz Equipe vu COVIVA freet sech Iech kennenzeléieren!
Coviva – gutt bei sech doheem, vill méi laang.
Eng Virauswiel gëtt op Base vun den Dossieren déi erakommen gemaach. Onvollstänneg Kandidaturen ginn net berécksiichtegt.
Am Fall vun enger Astellung gitt Der en aktuellen Casier judiciaire gefrot.
All Kandidaturen ginn vertraulech behandelt.
Infos clés
Publié
il y a 6 jours
Entreprise
Coviva Opis Aides & Soins S.A.R.L. - COVIVA
Lieu du poste
Dahlem, Schieren, Contern a Léiweng
Type de contrat
CDD, CDI, Stage, Temps partiel, Temps plein