Cadre-Référent fir een Fleegezentrum (cdi, 40 Stonnen/Woch) Dahlem

MISSIOUNEN

Dir koordinéiert a garantéiert den deeglechen Oflaf vun der
Aktivitéit,

•   Dir sidd am Kontakt mam Client an adaptéiert Déngschtleeschtungen  no  senge  Besoine,
•   Dir sidd Responsabel fir Qualitéit a Kontinuitéit vun der Fleeg,
•   Dir sidd Responsabel fir d’Organisatioun vum Service,
•   Dir participéiert un der Ausschaffung an der Ëmsetzung vun  Qualitéitsstandarden,
•   Dir participéiert un der Entwécklung vum Betrib,
•   Dir encadréiert eng Equipe vun ±40 Mataarbechter,
•   Dir evaluéiert Kompetenze vun äre Mataarbechter,
•   Dir participéiert bei der Astellung vun neie Mataarbechter,
•   Dir organiséiert Formatioune fir är Mataarbechter.

PROFIL

•   Dir hutt e puer Joer Erfarung mat der Leedung vun enger Equipe,
•   Dir kennt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem a méi speziell d’Assurance  Dépendance,
•   Dir hutt Erfarung an der Gestioun vu Qualitéitsprojeten,
•   Dir hutt Erfarung mat Kollektivverträg, méi speziell mam SAS-Kollektivvertrag,
•   Dir sidd organiséiert,
•   Dir maîtriséiert déi gängeg Informatikprogrammer,
•   Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.

Hudd dir Loscht an enger dynamëscher Equipe am Soins à Domicile ze schaffen, dann schéckt Är Demande w.e.g. mat Liewenslaf a Foto online iwer desen Site oder un:

Direktioun Opis Aides & Soins sàrl

14, rue de l’Ecole
L-8352 Dahlem

Infos clés

Publié
il y a 1 mois

Entreprise
OPIS AIDES ET SOINS sàrl

Lieu du poste
Dahlem

Type de contrat
CDI, Temps plein

Postulez maintenant
Informations personnelles
Votre CV
Formats supportés : doc, docx, pdf, rtf, txt, (1MB max).
Ajoutez une lettre de motivation
Je reconnais avoir lu et j'accepte les termes et conditions contenus dans la politique de confidentialité de ce site*.