Infirmier (W/M) (20/30/40 Stonnen/Woch) Dahlem, Schieren, Contern a Léiweng

Mir sichen Verstäerkung fir eis Equipen zu Duelem, Schieren, Contern a Léiweng!

Infirmier (m/w) 20, 30 oder 40 Stonnen/Woch (CCT SAS)

Äer Missiounen :

  • Eng ëmfaassend Betreiung vun den Clienten an hirem alldeeglechen Liewen
  • Iwwerhuelen vun der palliativer Versuergung an Begleedung vum Client an senger Famill bei sech doheem
  • Begleedung vum Client bei sech doheem, deen un enger schwéierer oder chronescher Krankheet leid, an dat während der ganzer Dauer vun senger Erkrankung bis zum Liewensenn (24/24h)
  • Déi beschtméiglechst Liewensqualitéit fir den Client garantéieren
  • Bedeelegung un der Entwécklung an un der kontinuéierlecher Amelioratioun vum Service
  • Schafft an enger interdisziplinärer Equipe, déi d’Werter vun COVIVA vertrëtt
  • Flott Aarbechts-Konditiounen nom aktuellen Contrat collectif SAS

Äert Profil:

  • Titulaire vun engem Diplome d’Infirmier an enger Autorisation d’exercer zu Lëtzebuerg sinn
  • Lëtzebuergesch schwätzen kënnen ass e Muss, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn vun groussem Virdeel (all aaner Sprooch ass e wéideren Atout)
  • Eng éischt professionell Erfarung an engem änleche Posten ass vu Virdeel
  • Dir hutt en staarken Teamgeescht an gudd zweschemënschlech Fähegkeeten
  • Dir sidd dynamesch, autonom a flexibel
  • Dir hutt e Führerschäin Klass B

Sidd Dir motivéiert an enger dynamescher Ekipp am Soins à domicile ze schaffen ?

Dann schéckt eis Är Kandidature, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation :

COVIVA

Département des Ressources Humaines

14, rue de l’Ecole

L-8352 Dahlem

Déi ganz Equipe vu COVIVA freet sech Iech kennenzeléieren!

Coviva – gutt bei sech doheem, vill méi laang.

 

Eng Virauswiel gëtt op Base vun den Dossieren déi erakommen gemaach. Onvollstänneg Kandidaturen ginn net berécksiichtegt.

Am Fall vun enger Astellung gitt Der en aktuellen Casier judiciaire gefrot.

All Kandidaturen ginn vertraulech behandelt.

Infos clés

Publié
il y a 2 semaines

Entreprise
Coviva Opis Aides & Soins S.A.R.L. - COVIVA

Lieu du poste
Dahlem, Schieren, Contern a Léiweng

Type de contrat
CDD, CDI, Temps partiel, Temps plein

Postulez maintenant
Informations personnelles
Votre CV
Formats supportés : doc, docx, pdf, rtf, txt, (1MB max).
Ajoutez une lettre de motivation
Je reconnais avoir lu et j'accepte les termes et conditions contenus dans la politique de confidentialité de ce site*.